Flunkernews 01/22 vum Serge Olmo

Long Covid: Verschidde Leit si leider ganz laang mat de Suitte vum Covid geplot. Munch anerer, déi sech net wëllen impfe loossen a schonn iwwer 6 Méint geheelt sinn, soen hire Covidcheck wier an der Rei well si ënnert enger „Long Covid-Heelung leiden".

Marche Blanche: Eng Minoritét vu Leit marchéiert jo reegelméisseg fir sech staark ze maachen fir net musse geimpft ze ginn. Si hate jo och eng Sylvesterparty gefeiert. Dës Manifestatiounen oder déi Party riskéieren komplett d’Harmonie aus der Bevëlkerung ze huelen dofir mécht et wéineg Sënn datt dat grad bei der „Vill-Harmonie“ stattfënnt.

Impflänner: An Israel zum Beispill ass schonn fir verschidde Leit déi 4. Impfung am Ëmlaf. Verschidde "Net Informéierter" fäerten datt si geschwënn a munche Länner fir hiren Covidcheck net all Dag mussen en Test virweisen mee eng dagdeeglech Impfung?

Nummer 1 : Den Novak Djokovic huet ganz laang Stonnen an Australien um Fluchhafen verbruecht wéinst sengem Vaccinatiounsstatus. Och fir déi nächst Tournéier wäert besonnesch op hien an op säin Team opgepasst ginn. An deem Eck wou dem Champion seng Betreier sëtzen also am „Djokovic Eck“, gëtt et bestëmmt dacks en „Djo-Covidcheck“.

Ëmmer méi realistesch: Dat vläicht beléifste Spill vun der Welt an zwar d‘FIFA-2022 gëtt ëmmer méi realistesch. Op der Playstation, der Xbox…ginn do reegelméisseg Matcher ofgesot well deen een oder aneren Spiller am FIFA-Spill positiv getest gouf.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...