Flunkernews 02/22 vum Serge Olmo

De Premier un der Front : Vill antivax Militanten ginn dem Premier d’Schold datt si sech esou an den Eck gedréckt fillen. Deemno sinn der vill grad esou anti-Vax wéi anti-Xav.

Wollef zu Lëtzebuerg: Zu Wëntger goufe Fotoen vun engem Wollef verëffentlecht dee fräi ronderëm gelaf ass. Proprietäre vu Schof aus der Géigend sinn e bëssen a Panik. Firwat sinn d’Wëllef iwwerhaapt esou schaarf op "Schof"? Ass et well ee "Woll"-ef seet?

Streik an der Educatioun: Dëst bei eisem Noper Frankräich wéinst de Covidmesuren. Den Drock op den Educatiounsminister Blanquer ass grouss. Et goufen do och Demoen, wéi bei eis „d‘Marche Blanche“, organiséiert. D’Differenz ass datt et bei hinnen „d’Marche d’Blanc“-quer war.

Jiddereen ass a Gefor: Och eise Grand-Duc an den Ierfgroussherzog hu leider de Covid erwëscht mee Gottseidank schéngt et nach zimmlech gutt gaangen ze sinn. De Variant mécht definitiv keen Halt och net virun de Monarchen. Op jidde Fall gi mir dovun aus datt et deene prominente Fäll d’Omi-kroun Variant war.

Djokovic op Honnert Dausend: Op den Olympesche Spiller kruten den Däitschen Zverev, de Russ Khachanov an de Spuenier Carreno Busta, Gold, Sëlwer respektiv Bronze. De Djokovic hat géint de Spuenier an der klenger Finall verluer an hat sech gehierlos opgereegt esou wéi elo an Australien. Do hat et just indirekt mat Covid ze dinn. De Géigner war zwar de Pablo Carreno „Booster“.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...