Flunkernews 03/22 vum Serge Olmo

Nei Tester: Well quasi déi meeschten Schnelltester, déi d’Leit maachen, de Moment leider positiv sinn kommen elo anscheinend nei Tester op de Marché wou fir vir eran emol 2 Strécher drop sinn. Bei deene Leit déi net positiv sinn verschwënnt dann ee vun den 2 Strécher.

Nach ëmmer effikass? Et gëtt vu verschiddenen Tester geschwat déi fir déi nei Variante manner effikass sinn. Et sollen och verschidden Impfstoffer manner Schutzwierkungen hunn. Menges Wëssens no ass awer net gefrot ginn ob den Hand-Gel, dee mir zanter ronn 18 Méint benotzen, géint déi nei Varianten effikass ass.

Impfflicht: Ass et, wann si bis gestëmmt gëtt, wéi bei der Walflicht? Dierf een do froen fir engem eng Prokuratioun ze ginn fir datt dëse sech a Plaz vun dem jéineschen, deen Flicht huet, kann impfe loossen?

Autofestival: Vill Clienten kommen déi nächst 2 Wochen an d’Garagen an d’Patronen hu Angscht datt hinnen d’Personal wäert ewechfalen fir dëse wichtegste Rendezvous vum Joer. D’Patronen vun de Garagen fäerten datt hir Salariéen wéinst positive Schnelltester an d’Car-antän mussen.

Nees am Opbau: Den Novak Djokovic probéiert vun den Australian Open ofzeschalten an kuckt déi wichteg Matcher um Centercourt, oder „Rod Laver Arena“, net. Hie gesäit de wichtegsten Terrain eischter als ImpfCenter Court an huet da manner Loscht drop ze spillen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...