Flunkernews 04/22 vum Serge Olmo

Wat eng Blamage: Den amerikanesche President huet enorm geflucht vis-à-vis vun engem Journalist ouni ze mierken datt de Mikro nach u war. Dat huet awer gutt gedoen well emol eng Kéier net iwwert de Coronavirus geschwat gouf. Et hat deemno näischt mat „Omikron“ ze dinn mee mat „Mikro-On“.

Ukrain Kris: Virun allem ginn et Diskussiounen tëscht de Russen an den Amerikaner. Et huet een d’Gefill datt de Putin wäert maachen wat hie wëll an deemno geschwënn seng Zaldoten iwwert déi Ukrainesch Grenze wäerte goen. Vläicht kann de Biden awer aushandelen datt d’Zaldoten geimpft oder geheelt musse sinn…

Autofestival: Et gi ganz vill elektresch Autoen verkaf. Et komme bekanntlech ganz vill Leit an d’Garagen. Wa vill Leit a vill verkaaften Elektroautoen zesumme kommen da kann een absolut vun Covidcheck eVent-e schwätzen.

Skandaler wéinst Partyen: Vill Englänner si schockéiert datt de Premier Johnson esou vill Fester gefeiert huet an dat nach a senger offizieller Residenz en plus wärend dem Lockdown. Elo ass et gewosst datt deemools dem Premier seng Strooss alles anescht war wéi eng Lockdown-ing Street.

Handball EM: Vill Ekippen goufe seriö vum Corona impaktéiert. Haaptsächlech déi Däitsch Ekipp gouf total deziméiert. Bal 20 Leit esouwuel Spiller wéi och Staff goufe positiv getest an hu missten a Quarantän. Bei 20 Leit kann een haaptsächlech am Handball vun „Quarante Hänn“ schwätzen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...