
Peking 2022 an enger Bulle: Et gëtt extrem drop opgepasst fir d’Covidfäll wa méiglech komplett z’evitéieren. Dat funktionéiert awer net. De Beweis ass datt esouguer déi olympesch Flam „ugestach“ gouf.
Erëffnungsfeier: Déi meeschten Dirigenten vun de westleche Länner ware net dobäi fir ze weisen datt China net demokratesch genuch ass. Anscheinend sinn awer och Dirigenten vun ganz ondemoktaresche Länner net komm, wéi aus dem Turkmenistan, Syrien, dem Tschad…well hinne China ze demokratesch ass. Dovunner gouf manner geschwat.
Keng Spärstonn méi: Verschidde Virologen hätte festgestallt datt et owes spéit net vill Sënn géif maachen fir d’Spärstonn elo nach duerch ze zéien. Den aktuelle Variant wier owes manner ustiechend well hien da manner Energie hätt. En heescht jo net fir näischt Omidd-kron.
Atomkraaftwierker a Nohaltegkeet: Vill Leit si schockéiert datt d’EU decidéiert huet datt d’Atomkraaftwierker nohalteg sinn. D‘Ëmweltorganisatiounen sinn op der Kopp. Wéini wäert d’EU eis Atomanlagen mat engem Biolabel verklickeren?
Liichtmëssdag: Déi lescht 2 Joer ass kee bei eis schelle komm. Ech ginn dovun aus datt d’Kanner an d’Elteren esou gewinnt sinn online ze schaffen datt si warscheinlech iwwer Teams, Zoom, Skype…liichte waren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...