
Neit Covid-Gesetz: Dëst gouf just mat Stëmme vun der Majoritéit gestëmmt. D’Spärstonn am Horeca ass direkt ewechgefall, wat d’Leit gefreet huet. Ganz vill Lëtzebuerger sinn um Freideg Owend nees richteg laang erausgaangen. Ech ginn dovun aus, datt kee Spëtzepolitiker vun der Oppositioun nach spéit ënnert de Leit war…
Vältesdag a Wantersport: E Méindeg komme vill Lëtzebuerger op hire Wantersportdestinatiounen un a mierken, datt Vältesdag ass. Am Wantersport ass kee Problem, well déi meescht kënne spontan hirer Léifsten eng Kette schenken…Si hunn da nach déi ganz Vakanz, fir sech eng nei Schnéiketten z’organiséieren.
Staatsvisitt: De kolumbianesche President Ivan Duque, deen a sengem Land vu villen als ganz grousse President ugesi gëtt, huet och eise Staatschef getraff bei senger Visitt. Bei där Renconter waren also 2 Grand Duque beieneen.
Ukrain-Konflikt wärend den Olympesche Spiller: D’Russen hu ronn 140.000 Zaldoten un der Ukrainescher Grenz. De Putin seet, et wiere emol keng Russesch Zaldoten, mee et wieren der vun der ROC.
Olympesch Wanterspiller: No Südkorea a China denkt och elo Nordkorea no, fir dës Spiller z‘organiséieren. China, wat jo net grad demokratesch ass, hat d’Pisten all mat Schnéikanounen preparéiert. D’Nordkoreaner si nach manner demokratesch a kéinten an Zukunft, no all hiren Tester, d’Piste mat Schnéirakéite preparéieren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...