
D’Drogeriechaîne SCHLECKER ass an Däitschland faillite: Et gëtt eng argentinesch Firma, déi dës Chaîne wëll opkafen; si wëll awer d’Ofkierzung vum Land virun de Numm setzen. Dat kënnt awer net extra gutt un, well dat géif jo dann ARSCHLECKER ginn.
Demissioune bei der FLAM: D’Federatioun vum Kampfsport ass traureg, well si verschidden Athlete verluer huet. Besonnesch huet wéigedoen, datt hire Symbolsportler sech zeréckgezunn huet. Et hat nämlech keen esou gutt de Kampfsport representéiert wéi de Bob FIGHT.
Weider Bonitéiten, déi erof ginn: No verschiddenen rezenten Accidenter vu Schëffer a Yachten ass elo och d’Bonitéit vun de Schëffsgesellschaften erofgesat ginn huet Stand-Yachts and Poor’s matgedeelt.
Hacker beim Centre Medico: Vill perséinlech Date goufe vun Hacker geklaut, well e Password vun Onéierlechen entdeckt gouf. D’Passwierder kënnen eben gehackt ginn. Heescht dat, datt d'Passzuelen net gehackt kënne ginn?
FIFA-Klassement: Och wa kee Championnat ass, schafft di Lëtzebuerger Nationalequipe weider. Et gëtt esou gutt geschafft, datt duerch de gudden Training d’Nationalequipe dës Woch am FIFA-Klassement esouguer eng Plaz geklommen ass.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...