Flunkernews 07/22 vum Serge Olmo

Antikierper op den Olympesche Spiller: De Curling gouf vill gekuckt . D’Leit fannen dat och spektakulär wann d’Sportler um Äis „kieren“. Et goufe wéineg Positiver an deem Sport notéiert. Si hunn deemno do vill Anti-kier-per hunn.

Ukrain a Fussball: Verschidde Spiller déi am Ukrainesche Championnat aktiv sinn sinn och Nationalspiller aus aner Länner ënner anerem och aus Lëtzebuerg. D’Russe wëlle jo datt op kee Fall d’Ukrain an d’NATO geet. Ginn déi Spiller dann herno och fir d’Russen als NATO-nalspiller ugesinn?

Djoko: Den Tennischampion weess datt hien warscheinlech riskéiert déi nächst Grand Slam Tournéier, wéi Roland Garros a Wimbledon, ze verpassen. Haaptsächlech den Tournoi op Wuess zu London, deen hie 6 Mol gewonnen huet, ze verpassen géif dem „Serb“ immens wéi doen. Terrainen sinn do en plus nämlech all „aux herbes“.

Internationale Fraendag: D‘Fraendemo an der Stad soll dee selwechte Parcours musse maachen wéi d’Marche Blanche. D‘Fraen wëlle natierlech mat Recht gläichgestallt ginn mat de Männer haaptsächlech punkto Paien. Elo ginn si emol ouni eppes ze froen quasi gläichgestallt mat den Antivax Demonstranten.

Booster: Laut Spezialisten schéngt et kloer ze sinn datt wann ee geboostert ass manner Chancen huet positiv getest ze ginn. Vu datt bei de Sportler déi lescht Zäit ganz wéineg positiv Doppingtester verëffentlecht goufen, ass de Verdacht opkomm datt verschidden Fuddeler Booster-Doppingmëttelen huelen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...