
Schnapszuelen: Verschiddener wollten sech den 22.2.22 um 2 Auer 22 bestueden well dat Gléck soll bréngen. Et wollt een et ze gutt maachen, mä dat ass net gutt ukomm. Hien hat et nämlech fir den 22.2.22 um 2 Auer 22 geplangt, mä mat 2 Fraen…
Chancëgläichheet: An Amerika hu no laangem Kämpfen d’Spillerinnn vun der Futtballnationalekipp garantéiert krut, dat selwecht ze verdéngen, wéi hir männlech Kolleegen. Verschidde Sportaarten hunn dat och schonn deelweis, wéi zum Beispill den Handball. Am Schisprangen ass d’Schanze-gläichheet scho méi laang eng Realitéit.
Schoulflicht erhéicht? Déi soll vun 16 op 18 Joer eropgesat ginn. Déi géif natierlech ganz gutt bei deene Jonken ukommen, wann een déi 2 lescht Joren an der Schoul eppes géif verdéngen.
Wantersport: Am Südtirol ass eis opgefall, datt et op villen Tankstelle kee Selfservice gëtt an en Ugestallte vun der Tankstell dat iwwerhëlt. Ech war awer richteg iwwerrascht, wéi ech am Hotel um Tennisterrain wollt en Opschlag maachen an en Employé vum Hotel komm ass, fir den Ball an den Terrain ze schéissen. Si sinn do definitiv net fir Self-Servicer…
Absolut Tragedie: Direkt nom Ufank vun der russescher Offensiv an der Ukrain koum déi éischt Decisioun vis-à-vis vu Russland vun der UEFA an zwar fir d’Finall vun der Championsleague net zu Sankt Pertersburg ze spillen. Dat war déi éischt Sankt-ioun, mä dat geet natierlech wäit wäit net duer.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...