
Russesch Banken: 2 ex Lëtzebuerger Ministeren hu schlussendlech aus Verwaltungsréit vu russesche Banken demissionéiert. Den ex däitschen Kanzler huet dat awer nach méi an d’Längt gezunn. An dëser Krichszäit ass dat awer net ze verstoen vum Guerre-hard Schroeder.
Finanziell Sanktiounen: A Russland ginn d’Schlaangen ëmmer méi grouss virun de Bankomater an déi russesch Wärung ass bal guer näischt méi wäert. D’Leit a Russland ginn och ëmmer méi onzefridden. Vläicht kënnt et do geschwënn zu enger Rubel-lioun.
Fettnäppchen: Eisen Ausseminister ass dacks vun der Long op Zong wat hien esou authentesch mécht mee nawell muss hien oppassen fir net sanktionéiert ze ginn. Vill Lëtzebuerger sinn an Apdikte gaangen fir Jodpëllen ze kafen. Den Ausseminister soll weg oppassen a net soen et wier engem Id-Jod seng Schold.
SES a Rakéiten: Bei de Paralympics wollten d’Russe nees als "ROC" Russian Olympic Committee untrieden wat awer verworf gouf. Den ROC Alibi fir Russesch Kandidaturen unzehuelen schéngt eriwwer ze sinn. Och eise Sattelitebetreiwer SES huet offiziell matgedeelt datt si sécher keng Sattelitten mat ROC-Kéiten géifen an d’Luucht schéissen.
Ex Kanzlerin iwwerfall: d’Angela Merkel gouf, grad déi Stonnen wou d’Russen de Krich géint d’Ukrain ugefangen haten, an engem Supermarché iwwerfall. Esou wéi déi westlech Länner déi Räich an aflossräich Russen finanziell schiedege wëllen, wollte vläicht déi russesch Autoritéiten dat och mam Angela Merkel maachen…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...