Flunkernews 10/22 vum Serge Olmo

Pëtrolspräisser: Deen Dag éier d’Präisser vum Diesel, dem 95er OKTAN an 98er OKTAN sollten drastesch gehéicht ginn goufen et laang Schlaangen op den Tankstellen. De Nordatlantikpakt (NATO) huet Sanktioune misste huelen déi heizou gefouert hunn. Besonnesch a Frankräich ass d’Hausse spektakulär dëst esouwuel fir den 95er an den 98er „OTAN“…

Esch 2022: An dem Kontext war ee ganz spektakuläert Buergbrennen wou richteg Konschtwierker a Brand gesat goufen. Och nodeem déi Konschtwierker ofgebrannt waren hu si nach kënschtleresch ausgesinn. Et waren definitiv och „Äschen 2022“.

Friddensgespréicher am Ukainkrich: Déi éischt Gespréicher op héchstem Niveau goufen an der Tierkei organiséiert. Et kinnt deemno sinn datt eis Kommssiounsresponsabel von der Leyen a Michel och wäerte dohi mussen. Dës Kéier wäert jo d’Ursula von der Leyen bei dëse wichtegen Friddensgespréicher net mussen op de Cana-Paix auswäichen.

Internationalen Fraendag: Elo wou am Kontext vum Ukrainkonflikt iwwert déi vill Sanktiounen geschwat gëtt fir déi russesch Oligarchen, kann een sech an dem Kontext froen wéi et do mat der Gläichberechtegung ass. Ech hu nach ni eppes vun Oligarchinnen héieren…

Quarantänen: Elo wou mir beim Covid net méi vu Quarantäne schwätzen ass nees d’Affär Bommeleeër an eng weider Ronn gaangen. Bis do d’Decisioun fält wäerte mir dann do bei enger „Quarantän“ ukomm sinn an zwar geet et hei dann ëm „40 Joer“.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...