
Virun 2 Joer: Dës Woch waren et genee 2 Joer hir datt mir an de Lockdown goungen. Et hunn déi lescht Zäit ëmmer méi Stéit eng Alarmanlag. Elo ass et natierlech fir datt kee Friemen an d’Haus soll kommen. Virun 2 Joer am Lockdown war et anscheinend bei munchen fir datt keen aus dem Haus erausgeet.
Ganz héich Spritpräisser: Et ginn ëmmer méi Elektroautoen bestallt an deemno och méi Luedestatiounen installéiert. An engem Duerf an eiser Géigend sollt datt bei engem Kierfecht sinn. D’Leit vum Duerf sinn dogéint a fannen datt et do scho genuch ëm Luede geet.
Intelligent Bancomater: Et gouf jo elo kuerz nees e Bancomat gesprengt. D’Gauner konnte wuel d‘Suen mathuelen mee no der Dot allerdéngs, an duerch e neien Sécherheetssystem, goungen déi Suen automatesch vun hirem Kont of.
Supporter vu verschiddene Futtballveräiner: Wéi iwwerall sinn d’Leit sensibiliséiert am Kontext Krich an der Ukrain. Verschidde Supporter vu Borussia Mönchengladbach a vu Borussia Dortmund wëlle zum Beispill net méi datt ee vun hinne seet si wieren Bor-russen…
Aner Expansioun: Et ginn och Tensiounen op der europäescher Raumstatioun ISS no der russescher Attack. Wann de Russesche President onbedéngt friem Territoiren wëll erueweren, firwat him net virschloen datt hien d’Ukrain soll si loossen a probéiere soll zum Beispill um Mount e puer russesch Kolonien ze maachen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...