
Youth for Climate Maniff: Dës Kéier gouf natierlech un dat ukrainescht Vollek geduecht. D’Lutte fir de Klima an den Asaz fir de Fridden goufen deemno hei e bësse vermëscht. D’Faarf vun Youth for Climate ass haaptsächlech gréng. Et kritt een déi gréng Faarf wann e giel a a blo, d’Faarwen vum ukraineschen Fändel, zesumme mëscht.
Speedmarathon : Dëse gëtt a ganz Europa organiséiert natierlech mam Zil fir datt et manner Accidenter soll ginn. Genee wéi beim Covid ass et och am Kontext Speedmarathon wichteg datt mir eis Speed-deeler entlaaschten.
Tripartite: Déi nächst Indextranche vun 2,5 % vum Abrëll gëtt ëmmer nees als grousse Succès erausgepickt. Verschiddener iwwerdreiwe massiv a wëllen dat verkafen wéi wann et nom 13. Mount am Dezember elo am Abrëll e 5. Mount wäert ginn…
Weider Maniffen: Anscheinend ginn et a Frankräich nach relativ vill Maniffen géint dem Impfpass obwuel dësen schonn annuléiert ass. Fir sech net ze blaméieren hunn d‘Organisateuren der Press deklaréiert si géifen elo net méi géint de Pass mee géint de Krich manifestéieren. Si wieren elo neierdéngs Pass-ifisten.
Polemik virum Nordirlandmatch: D’Lëtzebuerger Spiller wollten méi op hirem Terrain trainéieren wat awer wéinst dem Zoustand vum Wues net méiglech war. Géint d’Iren aus dem Norden konnt d’FLF Selektioun net wéi gewënscht train-Iren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...