Flunkernews 13/22 vum Serge Olmo

Angscht virun de Bensinnspräisser:E Kolleeg war an d’Spidol gefuer fir sech operéieren ze loossen. Hien hat net méi vill Bensinn an huet missten op d’Tankstell an dat trotz deene onméigleche Präisser. Hien huet mir deen Dag esou leet gedoen…well hien huet missten tanke goen.

Tripartite: Am Schlass zu Senneng waren d’Diskussiounen net evident. No de Gespréicher hunn den OGBL a seng Presidentin erausgestach a jiddereen huet vum Nora Back geschwat. D’Sennenger Schlass war e bëssen wéi de Back-ingham Palace.

Traditiounen: Ëm Ouschteren ginn et vill Traditiounen wéi d’Sichen vun den Ouschtereeër, d’Eemaischen, klibbere goen…Ëm Ouschteren ass et och d’Period wou déi Meescht hir Summerpneuen nees opleeën. Och dat ass eng d’Rad-ditioun.

Mobbing reloaded? Zu Bréissel am Europaparlament gëtt vill iwwert d’Sanktiounen géint Russland geschwat an et ginn Alternativen fir de russesche Gas gesicht. D’Affär Semedo intresséiert d’Leit am Parlament net vill. Wann et eng Affär Moni-Gas Semedo wier, da wier dat eng aner Saaach.

Fluchverbuet: D’Russesch Fliger dierfen net méi iwwer vill Territoiren  fléien. Et ass méi schlëmm wéi wärend dem Kale Krich. Deemools war just eben de partielle Verbuet fir Fliger vun der d’Sow-Jet-unioun.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...