Krich a Klima ; 2 Urgencen : Et ass absolut prioritär datt russesch Diplomaten ausgewise ginn a « Persona non grata » sinn wann domadder méi Drock gemaach gëtt ob déi russesch Autoritéiten. Déi international Diplomaten, déi näischt géint de Klimawandel maachen, sollen, laut der Aktivistin Thunberg, awer och ausgewise ginn. Si sinn « Persona non Greta ».

Salmonellen an de Kinderüberraschungen: Elo ëm Ouschteren gëtt a ville Länner eng Urgence-Telefonsnummer aktivéiert well vill Leit ze vill Eeër iessen. Dëst Joer kommen « d’Kinder-übel-raschungen » an d’Salmonellen mat dobäi. D’Nummer ass net den 112 mee den Honnert Ee-lef vun der Prot-eggs.

Maternité am Spidol zu Ettelbréck: Gottseidank bleift déi net laang zou. All déi Zoustänneg hu sech zesumme gesat fir eng Léisung ze fannen. Et wier absolut net nohalteg an « ekologesch » gewiescht wann déi zukünfteg Elteren permanent an d’Stad misste fueren. Dofir kann een dem Gyn-ekologeschen Personal fir d’Léisung Merci soen.

Weider Sanktiounen decidéiert: Fir de Gas aus Russland guer net ze kafen ass nach net duerch. Allerdéngs si verschidden typesch russesch Produiten elo concernéiert wéi zum Beispill de Caviar oder de Vodka. Vläicht géif et de Russen méi wéidoen wann een zwar de Gaskrunn mee haaptsächlech de Vod-Gas géif zoudréinen ?

WM Qualifikatioun bei den Dammen: Gëtt dat eng Affär vun schlechten Terrainskonditiounen ? Um Freideg géint Lettland gouf d’Partie wéinst Schnéi-Matsch um Nidderkuerer Terrain annuléiert. Dat ass kee gutt Omen well en Dënschdeg spille d’FLF Dammen géint Nord Matschedonien.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...