
Neijoersdag a China: Fir d’Chinesen ass jo elo d’Joer vum Draach ugaangen. D’Griichen, déi den Euro jo net méi wëllen, si solidaresch mat de Chinesen. D’Griichen wiere frou et wier d’Joer vun hirer aaler Währung also de Retour vun der Draach-me. Kris an Vakanzefoire: Di Professionell waren zefridden datt 1000 Leit méi an d’Foireshalen koumen wéi zejoert. Wat di Professionell awer dacks net wëssen ass datt fir ville vun deenen 1000 Leit, dee Week-end, schonn hier Vakanz war.
Taxien: De Stater Buergermeeschter an d’Taxisfederatioun si sech eenz virun allem iwwer den Ofbau vun de knaschtegen Ofgaser. D’Chauffeuren sti ganz dacks stonnelaang op luschen Plazen, wéi bei de Garen, an otmen vill gëfteg Substanzen an. Vill vun hinnen riskéieren kuerzfristeg Taxicomanen ze ginn.
Australian Open: Déi déi an Australien wunnen haten Dauerkarten fir d’Matcher kucken ze goen, di aner hate normal Ticketen. Di richteg Awunner vun Australien haten also Aboen wat logesch ass fir d’Abo-rigenen.
De Robert Biever dës Woch omnipräsent: Hien huet informéiert iwwer d’Bommeleeëraffär an och iwwer d’Mëssbrauchsfäll an der Kierch. Am Fall Fleur Maxwell op der Äiskonschtlaf EM, fënnt hien datt et richteg ass dat si sech mat der Leeschtung net fir d’Kür um Sonndeg qualifizéiert huet. De Robert Biever ass jo schliisslech de Pro-kür-eur general.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...