Flunkernews 15/22 vum Serge Olmo

Presidentschaftswalen: Firwat installéieren d’Fransousen d’Walbüroen net an d’Kierchen? Si hätten dann emol eng Kéier nees vill Leit an der Kierch an den Abstentiounstaux wier vill méi niddereg, well een an der Kierch d’Kräiz muss maachen.

Paris-Roubaix op Ouschteren:
Et ass zanter 2012, also no genee 10 Joer nees de Fal,l datt d’Course Paris-Roubaix op Ouschtersonndeg fält. Dëst Joer kënne verschidde chrëschtlech Vëlossupporter also nees de „P-avé Maria“ sangen.

D’Banken zou op Karfreideg: Ass et, well een deen Dag soll faaschten an datt een net esou liicht un d’Sue soll kommen? Egal wéi kann een awer iwwer Internet masseg Fleesch oder aner Iesswuere kafen, wann een den Ess-Net huet.

Leader a Russland: D’Russe sinn einfach geblennt vum Putin trotz dem schreckleche Krich, deen hie lancéiert huet. Hien zielt de Moment egalwat an d’Leit dohanne gleewen dat. Apropos zielen: Et kéint ee behaapten, datt hire President kéint bis onendlech zielen an dat vun hannen no vir. Och dat géife vill Leit gleewen…

Visitt zu Moskau: Aplaz, datt den éisträichesche Kanzler bei de russesche President gefuer ass, hätt sollen de Poopst goen. De Franziskus kann him nämlech weisen, datt ee vill Pouvoir a Sue kann hunn, och wann een e Land huet, mat nëmme ganz wéineg Quadratmeter.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...