Flunkernews 16/22 vum Serge Olmo

Kontakter mat Russland: Déi franséisch Presidentschaftskandidatin gëtt beschëllegt intensiv Kontakter ze hunn mam russeschen President wat grad elo schwéier ze rechtfäerdegen ass. Si seet et wier net wouer. Aus gutt informéierten Kreesser sollen et awer, am Fall vun enger Victoire bei de Presidentschaftswalen, Pläng ginn fir Paräis Putingrad ze nennen.

Russen ausgeschloss: Et dierfe keng Russen zu Wimbledon untrieden. Vu datt se zu Wimbledon ëmmer wäiss ugedoen sinn, kann ee sech d’Fro stellen ob dann awer och d’Wäissrussen ausgeschloss sinn?

Riseg Konsequenzen: Mat all den internationale Krisen ginn et och an eise Géigenden finanziell an ekonomesch Konsequenzen. Ënnert anerem gëtt et Penurië vu Sonneblummenueleg fir zum Beispill Fritten ze maachen. Leider ass eis Welt absolut net méi Fritt-lech.

Konsequenzen vum schéine Wieder: Grad um laangen Ouschterweekend war d’Wieder ganz gutt an d’Leit hätten Zäit gehat hir Wisen ze méien. Ouschtersonndeg an um Feierdag Méindeg huet ee jo awer net dierfen. Verschiddener hu sech Ouschteren schlau ugeluecht a si hu gesot si géifen d’Méimaschinn benotzen fir d’Eeër ze sichen.

Walen a Frankräich: Wann déi rietsextrem Marine Le Pen vum ex Front national gewielt gëtt da wäert sech fir verschidde Leit am Grenzgebitt eppes änneren. Munch ginn dann hir franséisch Nationalitéit op a wëllen bei eis wunne kommen. Vill Leit, déi net mam ex Front National d’Accord sinn, wäerten dann definitiv keng Front-alieren méi sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...