Flunkernews 17/22 vum Serge Olmo

Fest vun der Aarbecht: Gëtt iwwerhaapt vill op eisen „Agences de développement de l’emploi“ gefeiert ? Et schéngt wéi wann d’Fest vum 1. Mee scho quasi zanter dem Ufank vun der Mënschheet existéiert. Zanter „ADEM“ an Eva.

Vullegripp: A China gouf e Fall entdeckt wou d’Vullegripp sech op e Mënsch iwwerdroen huet. Nom Covid wäert jo hoffentlech net nach déi sanitär Katastroph op eis duer kommen. Et fäerten der schonn fir Poulet z’iessen. Hoffentlech musse mir net geschwënn Tester maachen fir déi zwou Saachen. Mir wäerte eis jo net mussen Covid-chicken loossen.

Nofollgerin: D’Carole Dieschbourg selwer huet déi nei gréng Ministesch gefrot. A Frankräich gëtt et nach kee neie Premier. Dat wäert nach e bëssen daueren. D’Carole Dieschbourg hat nämlech nach keng Zäit fir si ze froen.

Indextranche: D’Verréckelen vun der Indextranche an d’Bäisetzen vun 2,5 Prozent op d’Pai wier bestëmmt och fir den OGBL an der Rei wann et op den 13. Mount géif verluecht ginn.

Elon Musk: De räichste Mann vun der Welt huet sech absolut an de Mëttelpunkt gesat nodeems hien Twitter kaf huet. Am Fong ass hien en Eenzelgänger, ass vill eleng doheem a fillt sech dacks attackéiert. Hien ass immens kreativ an ass senger Zäit viraus. Et soll e Film iwwer seng jonk Joeren gedréint ginn. De Film soll „Home Elon“ heeschen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...