Flunkernews 18/22 vum Serge Olmo

Visitt an de Balte-Länner : De Vizepremier François Bausch hat déi lescht Deeg eng erfollegräich Visitt mee besonnesch a „Lettland“ hätte si léiwer gehat datt eis Vizepremier-Ministesch matkomm wier. Dat ass net iwwerraschend wann et ëm d’Pau-Lette geet.

UEFA ganz streng: Déi europäesch Fussballfederatioun huet d’Kandidatur vu Russland fir d’Europameeschterschaften 2028 an 2032 net zréckbehalen. Fir de russesche President ass dat net schlëmm. Hien ass der Meenung datt hie bis dohin, déi Länner déi d’EM kruten, annektéiert huet.

Endlech nees de Nuetsmarathon: Afrikanesch Toppathleten sinn am Prinzip wéinst de Covidreegelungen net dobäi. Si hätten awer roueg kënne kommen well si jo dovun ausginn datt beim Marathon eng Quarantän op si kinnt duerkommen…wuelverstanen eng Quarantän Kilometer.

Ëmmer méi Leit gepickt an den Diskoen: Verschidden Verschwierungstheoretiker soen d’Leit géifen ee Covidvaccin gesprëtzt kréien. Si gi vun der 3. Impfung aus well jo an den Diskoen meeschtens och de Sound geboostert gëtt.

Google-Datacenter zu Biissen: Et wier definitiv méi séier gaangen wann Google dat als risen Datagaardenhaus annoncéiert gehat hätt. Et misst een awer an dem Fall oppassen d’Prozeduren akribesch anzehalen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...