Gratis Betreiung: Et ass bekannt ginn datt am Prinzip d’Kannerbetreiung ab der Rentrée gratis wäert sinn an der Schoulzäit mee net an de Schoulvakanzen. Vill Leit reegen sech op a froen firwat dann d’Schoul gratis wier an déi non-formal Kannerbetreiung net. D’Äntwert vun engem Fonctionnaire war datt d’Schoul an der Vakanz och payant wier mee well se an der Vakanz zou wier géif een dat net mierken.

Visitt bei Frënn: Eng grouss Delegatioun war nieft der Groussherzoglecher Koppel mat a Portugal mat ënner anerem och 4 Ministeren. Well et jo eng ganz frëndlech Visitt war, war et evident datt och de Minister Franz oder méi familiär „Friends“ Fayot mat dobäi war. 

9. Mee: De Russesche President hat op de Feierlechkeeten am Kontext vum 2. Weltkrich immens opgetrompt mat senger Arméi. No senger Ried sollte Fligeren eng Show maachen mee dat goung net wéinst dem Reen. Ass Russland vläicht awer keng Pluie-ssance militaire?

Neierungen beim Bestueden: Fir sech ze bestueden oder pacsen wäert et an Zukunft net méi obligatoresch sinn fir sech op der Gemeng d’Jo-Wuert ze ginn. Et wäert een och aner Raimlechkeeten dierfe benotzen. Well verschidde „Säll“ wäerte kënnen fir eis Koppelen an Fro kommen intresséiert dat all Jongge-„Säll“.

Oktav: Dëst Joer dierfen déi Gleeweg endlech nees bis bei d’Kathedral pilgeren. Dacks sinn d’Pilger wäiss ugedoen. Dat erënnert Muncher un e bëssen manner chrëschtlech Marchen. Dat war net am Kontext Oktav mee éischter am Kontext Ochstav…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...