Flunkernews 20/22 / Serge Olmo

Nuetsmarathon ouni déi stäerkst Athleten: Elo wou den Tram duerch d’Stad fiert, hätte kënnen d’Toppathleten aus Ostafrika iwwert d‘Quain vum Tram lafen. Wéinst de Covidmesurë sinn déi bescht afrikanesch Athlete blockéiert. Déi lescht 10 Joer hu bei der Härenelitt nëmme Kenianer gewonnen. Elo wou mir bei all Tramstatioun e Quai hunn, hu mir dëst Joer leider keng Quai-nianer.

Festival vu Cannes: Elo wéi déi international Situatioun vun de Präisser vum Ueleg op de Weltmarchéen ass, hätt de Gewënner vum Festival finanziell méi dovun amplaz der Palme d’Or, richteg Palmen ze kréien an dorausser Ueleg ze maachen.

Eurovisioun am Land vum Gewënner: Den ukrainesche President huet ugekënnegt, déi nächst Editioun a sengem Land z‘organiséieren, obwuel jo ganz villes zerstéiert ass. Wann een d’Resultater vun der leschte Jore vun Däitschland beim Concours kuckt, sinn d’Chancen awer méi grouss, datt an de nächsten een/zwee Joer de Concours an der Ukrain organiséiert gëtt wéi an Däitschland.

Finnland a Schweden an d’NATO? Den tierkesche President wiert sech dogéint, well an deene Länner kurdesch Terroriste solle sinn. Mengt hien, hie kéint einfach esou fir déi Nordesch Länner decidéieren, de Recep Tayyib Erd-OTAN?

Giro d’Italia an aner grouss Evenementer: Et gi nees méi Anti-Dopping Kontrolle gemaach. Anscheinend ginn d’Sportler nach net bei der éischter Dopping-Dosis gespaart oder bei der 2. Et ass een anscheinend eréischt vollwäerteg gedoppt, wann een d’Boosterdopping Mëttelen ageholl huet…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...