Flunkernews 21/22 vum Serge Olmo

Ocean Viking: Dat humaintärt Schëff huet nees ronn 300 Migrante gerett a sicht en Hafen fir si z’emfänken. Chapeau fir dës ONG! Mir hunn awer och dëse Weekend eis Kingen. D’Vicky Krieps huet e Präis zu Cannes gewonnen, de Rac-Ing huet d’Coupe am Fussball mat heem geholl an den ING Nuetsmarathon ass en risegt Fest. Déi 3 kënnen definitiv vu sech behaapten si wieren e Vicky-ING vum Weekend.

No Roland Garros kënnt Wimbledon: Den Djokovic ass net frou datt si déi russesch a belarussesch Spiller net wëllen zu Wimbledon participéiere loossen. Donieft ass den Toppspiller nach ëmmer rosen datt hie an Australien net konnt matmaachen well hie net geimpft war. Hie spillt elo, wärend Roland Garros, mat der Iddi sech zu Wimbledon impfen ze loossen an dat mat engem russeschen Vaccin.

Nuetsmarathon: Nieft de villen Athleten sinn d’Beliichtungen an der Stad owes spéit impressionnant. Finanziell hunn, déi vill Bieren déi wärend der Course brennen, awer en Impakt. Et war dru geduecht ginn fir Suen ze spueren datt all Leefer seng eege kleng Beliichtung soll mathuelen mee warscheinlech hunn déi meescht souwisou no der Course „Ampoulen“…mee un de Féiss.

Muttergottesoktav: Verschiddener froen sech firwat et iwwerhaapt e Mäertche gëtt well dëse jo näischt mat Religioun um Hutt huet. D’Äntwert vun Oktavfrënn ass datt dat normal ass wann et ëm d’Muttergottes geet an e Mère-tchen ganz ubruecht ass.

Festival vu Cannes: D’Croisette zu Cannes ass wärend zwou Wochen den Highlight vun der Kinowelt. Et ass net onlogesch datt grad op der Croi-sette de sette-ième Art esou gefeiert gëtt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...