Flunkernews 22/22 vum Serge Olmo

Afepouken: Vill Spezialisten mengen d’Verbreedung vun den Afepouken hätt och mat der Äerderwiermung ze dinn. Dat schéngt mir net onlogesch ze sinn well ee jo och vun Afenhëtzt schwätzt…

Net opgestigen: Eise Nationalspiller Danel Sinani huet et mat Huddersfield am Duell mat Nottingham Forest net gepackt fir an d’Premierleague ze steigen. D’forest of Nottingham ass déi Plaz wou den Robin “Hood” sech opgehalen huet. A grad géint Nottingham Forest gouf “Hood”ersfield eliminéiert.

Nuetsmarathon: zanter iwwer 10 Joer stoungen ëmmer d’Kenianer (KEN)  am Palmarès bei de Gewënner. Well 2020 an 2021 kee Marathon war steet do am Palmarès „KEEN“. Fir dat et awer besser passt a well dat nach esou weider wäert goen hätten si och 2020 an 2021 bei de Gewënner (KEN) kënne schreiwen.

Championsleaguefinall: Et war e rise Skandal datt et bei der Finall um Stade de France zu groussen Ausenersetzunge koum tëscht englesche Supporter an de „forces de l’ordre“. Et gouf esouguer Tréinegas agesat. D‘Spiller vu Liverpool si schockéiert datt d’Tréinegas benotzt gouf bei engem Evenement, wou ee fir dobäi ze sinn, säi ganzt Liewen dofir tréin-néiert.

Netflix net méi a Russland disponibel: Déi russesch Populatioun wäert iwwer Netflix deemno keng Blockbusteren, op jiddefall keng Ost-Blockbusteren, ze gesi kréien. Vläicht wier et intressant a plaz Netflix der russescher Populatioun Accès ze ginn op NATOflix…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...