Flunkernews 23/22 vum Serge Olmo

Legislativwalen a Frankräich : Bei eisem Noper hunn si e dramatesche Problem an zwar datt den Abstentiounstaux riskéiert immens héich a quasi decisiv ze sinn. Et gëtt esou lues dru geduecht eng Walobligatioun an ze féieren. Laut engem leschte Sondage sollen esou nëmmen knapp iwwer 50% vun de Kandidaten wielen goen.

Immaterielle Patrimoine vun der Unesco: No der laanger Covid Paus ass d’Sprangprëssessioun nees zréck. Déi Gleeweg an hire wäissen Hiemer duerfte nees sprangen. Dëst huet anscheinend d’Organisateuren vun der Marche Blanche inspiréiert sech och bei der Unesco ze mellen fir eventuell als « impfmaterielle » Patrimoine op eng Lëscht ze kommen.

Neie Stadion nees voll: Nodeem schonn géint Irland de Stade de Luxembourg soldout war ass dat och géint d’Tierkei de Fall. D’Dieren wäerten dee Moment fir nei Ufroen zougemaach ginn. A Propos Dieren…Et fällt op datt nom Irlandmatch esouwuel géint d’« Dieren » wéi géint « Tür »-ken, wou een Arbitter aus « Porte »-ugal päift, d’Dieren mussen zougemaach ginn well d’Ticketen all verkaf goufen.

Delegatioun an Afrika: De Premier an de Minister fir humanitär Affären, deen och Wirtschaftsminister ass, waren an Afrika. Virun allem de Wirtschaftsminister gëtt am Kontext vun den Iwwerschwemmungen dacks genannt hei zu Land. Op mannst an Afrika war hie sécher datt hie fir e puer Deeg näischt mat Iwwerschwemmungen ze dinn kritt.

Razzia bei Ferrero: D’Affekote vu Ferrero kënne sech trotz villen Virwërf bei de Kinderüberraschung erauszéien well kloer gewosst war datt an dem Produit Substanzen dra sinn déi net fir z’iesse sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...