
Nei Generatioun Autoen: Di Nei Autoen mat elektreschem- an thermeschem Moto hu méi Päerd wéi di normal Autoen well si nieft hirem thermeschen Moto jo nach den elektreschen hunn. Well si méi Päerd hunn ginn di Autoen och hü-brid Autoen genannt. Autosfestival a Famill: D’Famillen mat Kanner kucken ëmmer direkt de Koffer beim Sichen no engem neien Auto. Di ganz organiséiert huelen hier Wallissen mat an de Garage fir ze kucken ob si se all an d’Mall getässelt kréien.
Nei Mediatrice: Wéi d’Lydie Err als Mediatrice ugefaangen huet war et gefruer op de Stroossen. Vill eeler Leit, an hiren héige Stiwwelen, sinn op net gebotztenen Trottoiren gefall a wëllen elo kloen. D’Leit déi an de Stiwwelen gefall sinn, mengen si wieren richteg bei der neier Omboots-fra.
Laurent Carnol: De Weltklasseschwëmmer huet jo seng Lycéeszäit an der Brauereistad Dikrech verbruecht wou hien och ganz vill Brasse-Serien geschwommen ass. Dat ass kee Wonner an enger Stat mat exzellenten Brasserien.
Stage an der Tierkei: Di Lëtzebuerger Futtballnationalequipe huet hier 2 Testmatcher ganz héich verluer an zwar mat 0-3 an 0-6. Fir de Luc Holtz ass et net esou Schlëmm 3 a 6 Goaler kasséiert ze hunn; et war jo just Train-9.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...