Flunkernews 24/22 vum Serge Olmo

Flitzer: Wärend an nom Fussballmatch Lëtzebuerg-Tierkei ware Flitzer op den Terrain gelaf. Verschiddener, déi net vill vu Sport verstinn, sinn elo duercherneen a froe sech firwat dat dann am Tennis erlaabt ass, datt Jonker op den Terrain lafen. Dës Persoune wäerten net wëssen, datt dat d‘Balljonge sinn.

Afepouken: Den Dag op deem den éischte Fall bei eis am Land confirméiert gouf, krute mir och matgedeelt, datt an de Restauranten d’Waasser net wäert automatesch gratis a Karaffen dem Client ugebuede ginn. Anscheinend fäerte verschidden Hotelieren, datt d’Hygiène vun de Karaffen net wäert garantéiert sinn an et kéint zu Ausschlag kommen. Si fäerte Kar-Affepouken.

Füchtlingen ausgewisen: De Boris Johnson, deen 2 Mol gescheet gouf, huet allgemeng e mouvementéiert Liewen a punkto Partnerinnen. Hie gëtt och e bëssen als „Don Juan“ ugesinn. Elo wëll hie verschidde Flüchtlingen aus England ausweisen an Direktioun Ruanda. Fir Verschiddener gëtt hie leider elo zum „Don Juan-da“.

Wafferou: Normalerweis zielt dat jo éischter fir d’Länner an deene Krich ass. Allerdéngs gëtt no deene katastrophale Schéissereien an den USA dru geduecht, elo an dem Land eng Wafferou anzeféieren.

Noriichten a Russland: Et ass definitiv net evident Journalist an deem Land ze sinn. Dat zielt esou guer fir d’Meteo-Journalisten. D’Temperaturen a Grade sinn do ganz wichteg. De Beweis ass, datt verschidde d’Stied esouguer dono heeschen wéi de Moment Volgo-grad oder Kalinin-grad a fréier Lenin-grad oder Stalin-grad.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...