Endlech nees Feierlechkeeten: Um Virowend goufen et nees op ville Plaze grouss Freedefeier. Leider goufen et um Nationalfeierdag selwer owes op ville Plaze Freededonnerwieder a Freedeblëtzer.

Fändelen op Nationalfeierdag: Et huet een d’Gefill, d‘Traditioun, e Fändel un d’Fassad ze fixéieren, géif lues a lues noloossen. Allerdéngs ginn et munch Patrioten, déi op Nationalfeierdag de Fändel awer hirem Hond undinn oder soss engem Hausdéier. Dat ass eng nei Zort vu Leit, déi frou si mat hirer Patrie. Déi Déierebesëtzer sinn definitiv Pattes-trioten.

Traditionell Rieden: De Xavier Bettel schwätzt traditionell éischter um Virowend. Dem Grand-Duc säin Haaptdiscours ass op Nationalfeierdag selwer. Et liicht jidderengem an, datt de Premier als éischte schwätzt an deemno um Virowend. Et ass jo de Xa-Vir.

Heeschnapp an Allergien: Et huet een definitiv d’Gefill, wéi wann ëmmer méi Leit ëmmer méi domadder geplot wieren. Ass elo vläicht dës Saison a parallel zum Covid en neien Heeschnappvariant ënnerwee?

Franséisch Parlamentswalen. Déi nei gewielten Deputéiert sëtzen an engem Hallefkrees, dofir heescht d’Parlament bei eisem Noper och Hemicycle. Verschiddener mengen, et wier en Hallefkrees, well bei deene Walen nëmme ronn d’Hallschent vun de Leit wiele geet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...