G7: Um Sommet vun de meescht industrialiséierte Staaten war natierlech den Ukrainkrich am Mëttelpunkt. Parallel hat de Putin e Minisommet zesumme mam belarussesche President organiséiert. Op deem G2 zu Moskau waren déi 2 meescht ind-russ-trialiséiert Staaten.

Sommet vun der Nato: Nom G7 war de Sommet vun der Nato. Et gouf ganz vill iwwert d‘Ukrain geschwat mee och iwwer de Präis vum 95er an 98er Oktan deen all Dirigent Angscht mëscht. Et war net nëmmen de Sommet de l’Otan mee deemno och de Sommet de l’Oktan.

Tour de France: Déi éischt Etapp war an der Dänescher Haaptstad. Et war ganz kloer déi flaachsten Etapp an dat grad zu Koppen-hagen.

Vandalismus: Virun e puer Deeg war leider um Stau vill Vandalismus. Et ware vill ze vill Leit do dorënner och vill Touristen aus der Belsch an Holland. Et waren ënnert hinnen bestëmmt Verschiddener déi "Van Dalen" geheescht hunn.

Wimbledon: Wues ass e ganz séiere Belag an den Tournoi ass ganz spektakulär. Et dierfe jo keng Russe matmaachen wat vill diskutéiert gëtt. Et sinn och keng Belarussen dobäi op dem Belag. Et ass jo net well et Belag-russen sinn?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...