Flunkernew 27/2022 vum Serge Olmo

Präisdeierecht: Et huet een dat rechtfäerdegt Gefill, datt ee vill méi muss bezuelen, fir e gutt gefëllte Caddie ze hunn. Jidderee sicht Iddien, fir datt et d‘Leit besser geet, an dat Gefill ofhëlt. Eng grouss Supermarchésmark denkt drun, heifir ganz einfach méi kleng Caddien anzesetzen.

Grössenwahn: De Russesche President ass jo drop aus, säi Territorium z‘expandéieren. Hie ka sech awer virstellen, datt mëttelfristeg d’Nato Russland kéint bäitrieden.

Klimawandel: Et muss de politesche Responsabel ganz séier ëmmer méi kloer sinn, datt ee seng Bierger heivun muss protegéieren, an nom ganz schrecklechen Accident an Italien, virun allem seng Gletscher.

Potentielle Risiko: Et ginn an de States ëmmer méi Drive-Innen opgemaach an dat fir allméiglech Saachen. No der katastrophaler Decisioun vun der amerikanescher Supreme kéint ginn.

Geschwë Boris bye bye: Ganz vill Britten a natierlech och d’Labour Oppositioun haten ëss genuch, datt de Premier esou vill géif léien. Haaptsächlech fir si geet et definitiv duer mam „Léi Bor“-is.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...