Flunkernew 28/2022 vum Serge Olmo

Energie spueren: D’Regierung huet elo kuerz op enger Pressekonferenz Consignë ginn fir ze spueren. Den haapt Message war d’Heizungen déi nächst Méint méi kleng ze dréien. Wann de Staat sech esou engagéiert da kann een definitiv am Kontext Heizungen vun Thermo-Staat schwätzen.

Schueberfouer: Och op der Fouer gëtt nogeduecht wéinst der Attack vun de Russen op d’Ukrain ze reagéieren an et gëtt dru geduecht 2023 keng Achterbunnen méi opzeriichten. Wéi op ville Plazen, wou russesch Produkter evitéiert ginn, wëllen si hei d’Montagnes Russes vermeiden.

Geschwënn nees um Mound: Wéi d’NASA annoncéiert huet geschwënn nees Mënschen op de Mound reesen ze loossen si vill Impfgéigner hellhöreg ginn. Si ginn dovun aus datt wann si op de Mound géife auswanderen, si sech net brauchen impfen ze loossen well si jo dann d‘office imm-moon-inséiert wieren.

Elektroauto:
E Kolleeg vu mir an zwar de Sinner Ben, deen nach ëmmer e richtegen Autofreak war, huet sech en Elektroauto zougeluecht. Ass et wéinst de Spritpräisser oder wéinst der Ëmwelt? Fir mech ass dat definitiv en Zeechen dat grad hien kee Ben-Sinner méi wëll.

US-Open ouni Djoko: De serbeschen Tennisstar konnt jo, well hie net géint de Covid geimpft ass, net bei 2 Grand Slam Turnéier mat maachen. Hie fäert och datt nach eppes op hien duer kënnt an zwar datt sech d’Tennisspiller wäerte mussen géint d’Afepouken impfen loossen. D’Dubbelspiller gehéieren zu de Risikogruppen well si vill verschidde Partner vum selwechte Geschlecht hunn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...