
Firwat gëtt ni vun enger Bommeleeërin geschwat? Béis Zonge behaapten, datt et net eng Fra hätt kenne sinn, well d’Auteure wahrscheinlech am Geheimdéngscht aktiv waren an eng Fra ni hätt kënne esou laang e Geheimnis halen. Keelt a ganz Europa: D’Zong ass jo de Muskel, deen ëmmer waarm bleift, dofir gouf di lescht Deeg a ganz Europa vill geknuutscht. An Däitschland sinn di Fäegkeete vun den Zonge scho laang bekannt. D’Apparater, fir ze hëtzen, heeschen net fir näischt Hei-zungen.
Et muss dach eppes geschéien! Als Protest géint di kriminell Aktioune vum Bashar Al-Assad gouf de Weekend an der Stad eng Manifestatioun organiséiert. Eigentlech hat ee sech erwaart, dës Manif wier an engem vun den Dierfer aus der Gemeng Betzder an zwar zu Emb-Ruedt Syr-ien.
D’Queen zanter 60 Joer um Troun: 1952 gouf och den éischte kommerzielle Computer op de Marché bruecht a kuerz drop di éischt nennenswäert Imprimante. Zanterhier gouf et onzielbar nei Computer-Modeller a virun allem nei Printeren an hie muss nach ëmmer waarden, de Prints Charles.
Decisioun am Fall Contador am Sëtz vun der UCI: Et ass komesch, datt den Andy Schleck, deen di lescht Tour de Francen am "Contre la montre" verluer huet, grad zu Lausanne am Häerz vun der "vallée des montres" den Tour 2010 zougesprach krut.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...