Rentrée: Genee wéi fir d’Kanner war d’lescht Woch och d’Rentrée an den Hondschoulen. Wéi bei deene klenge Kanner, déi vill gekrasch hunn, gouf déi éischt Zäit bei den Hënn ganz vill gebillt. Den Ënnerscheet ass datt d’Rentrée bei den Hënn awer näischt mam Bill-dungsministère ze dinn hat.

Staark Rout Léiwen: Eis Nationalekipp huet en staarke Remis an der Tierkei fäerdeg bruecht. D’Tierken si gewinnt quasi op all Wuert 2 Punkten ze hunn. Allerdéngs géint Lëtzebuerg haten si beim 3:3 just 1 Punkt.

Vegan: Statistesch gesi gi méi vegan Foussgänger ugestouss well si vu vir eran refuséieren iwwert Zebrasträifen ze goen.

Impfflicht géint d’Afepouken? Et ass nach net um Plang vun eiser Regierung flächendeckend ze impfen, obwuel, déi Schwieren déi et bei den Afepouke ginn, richteg schlëmm ausgesinn. Op der ganzer Welt sinn si si quasi all géint dat globaalt Impfen am Kontext Afepouken an dës Kéier net haaptsächlech d’Ver-Schwier-rungstheorektiker.

Top Secret: Den ex amerikanesche President versteet net wisou hien esou ugegraff gëtt nëmme well hien e puer honnert Kilo Dokumenter mat heem geschleeft huet. Hie fënnt dat net schlëmm wann Dokumenter ge-„heim“ sinn an een se mat-„heem“ hëlt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...