Flunkernews 30/22 vum Serge Olmo

Parallel Spuermoossnamen zu der Tripartite: Och d’Wëssenschaftler si, fir ze spueren, opgefuerdert fir Léisungen ze sichen fir méi kleng Planzenzorten z‘entwéckelen déi een iesse kann. Et denkt een zum Beispill u Käschten déi an dëser Joreszäit an der Pan preparéiert ginn. Et ass allgemeng kloer datt iwwerall d‘Käschte musse méi kleng ginn. 

Patchwork Famillen: Pappendag ass net ze verwiesselen a stellt kee Problem duer mee aner individuell Deeg si méi komplizéiert. Dacks verpasst een en Hochzäitsdag oder en aneren wichtegen Datum. Heiansdo erënnert ee sech un dee richtegen Hochzäitsdag mee mat der falscher Fra.

Penibel Ausrieden: Elo huet de Putin en plus nach eng Ausried fir déi nächst Bombardementer. Et wier net esou geduecht gewiescht. Et wiere keng Bombardementer mee e Freedefeier no den klorer Referenden an der Ostukrain.

Hybrid ass in: Dat ass wouer bei den Autoen well een domadder Spritt ka spueren. Et fäert een datt geschwënn hybrid Waffen wäerten agesat ginn an zwar hallef konventionell an hallef nuklear.

Äddi Champion: Beim Laver Cup zu London gouf iwwer e puer Deeg dem Tennischampion Roger Federer Äddi gesot. Et gouf natierlech un déi ganz beléiften Queen geduecht wärend dem Tournoi. Leit déi net vill vun Tennis kennen hu gemengt d‘Spectateuren wieren esou dacks beim Tennis roueg gewiescht well si an dauernd Gedenkminutte ageluecht hätten fir d‘Queen

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...