Walen a Brasilien: Grad den 30.10., wann d’Aueren bei eis geréckelt ginn, fällt d’Decsioun a Brasilien datt de Lula dem Bolsonaro säi Presidenteposten kinnt iwwerhuelen. Wa mir d’Zären no hanne réckelen an dee Moment de Lula géif wannen, dann hätt datt besonnesch am Amazonas e groussen Zäreneffekt. 

Wat e Courage: Et ka ee net genuch widderhuelen welche Courage d’Fraen an hir Ënnerstëtzer am Iran hunn fir fir hir Rechter ze protestéieren fir dierfen zum Beispill e Rack un ze dinn oder aner Kleeder. Nierft dem grousse Problem vum Nuklearaccord mam Iran elo dat doten. Kloer schéngt ze sinn, datt si egal wéi dohannen, keng Rack-kéiten wäerten produzéieren.

WM boykottéieren: Et ass de Moment e groussen Thema an zwar ob ee soll d’WM am Katar boykottéieren oder net. Ganz Couragéierter hunn elo nodréiglech decidéiert d’WM a Russland vun 2018 ze boykottéieren.

Wichteg Decisiounen: Op der Tripartite sinn Decisiounen geholl ginn a Richtung Präisser vum Gas, vum Stroum an aner Präisser ze deckelen oder anzefréieren. Et gëtt eng Tendenz datt ëmmer méi Leit Problemer hunn nach hiren Dag iwwert dem Kapp ze behalen. Wa keng grouss d’Decisiounen am Kontext Energiepräisser an haaptsächlech Stroum geholl ginn, da ginn et an Zukunft méi Sans-Abri an zwar Stroum-erten wat absolut muss verhënnert ginn.

Trauerspill : Et ass elo erauskomm datt déi asiatesch Wanterspiller 2029 a Saudiarabien wäerte stattfannen. Elo wou et drëms geet Energie ze spueren ass dat e rise Skandal. Ganz vill Leit reegen sech op haaptsächlech déi Leit déi herno op der Plaz déi sympathesch Figur vun de Spiller sollen duer stellen. Et wäert ganz sécher a Saudiarabien eng Mask-hot sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...