De Xavier Bettel huet duerchgegraff: Fir den Äerzbëschof ass dat keng gutt Werbung, datt et an de waarme Quartieren an der Stad zu Kläppereie kënnt. Hien an d’Kierch kommen an e schlecht Liicht. Et sinn nämlech Masse-Kläppereien en plus an der rue de Hollerich.

D’Basketfederatioun huet nach kee President: D’Nancy Kemp Arendt mécht dat anscheinend gutt als Presidentin vun der Schwammfederatioun. D’Deputéiert war jo och staark am Triathlon. Vläicht kinnt di Ex-Sportlerin och Presidentin ginn vun der Basketfederatioun an dann nach vun enger 3.

Minus-Temperaturen an Aarbecht: Bei verschiddenen Entreprise sinn d’Salariéen di lescht Wochen net schaffe komm, well et hinnen einfach ze kal war. Si hunn allerdéngs bei hirem Patron e Certificat missten ofginn an zwar e Certificat Médi-kal.

Presidentewahlen a Frankräich: Vläicht kritt d’Kandidatin vun der Extrème Droite net genuch Ënnerschrëfte vu Buergermeeschteren, fir sech kënnen ze presentéieren. Dat wier dach bestëmmt eng gutt Iddi, datt sech di aner Parteie géifen eens ginn, fir der Le Pen Ënnerschrëften z'"offréieren" vun, zum Beispill, schwaarze Buergermeeschteren oder vu Buergermeeschtere mat nordafrikaneschen Originnen ...

Ofsoe vun den 1/8-Finallen an der Coupe: Béis Zonge behaapten, dass d’Matcher vun der Coupe net annuléiert goufen wéinst de schlechten Terrainsconditiounen, mä well d’Spiller op Baler wollte goen. Et si jo am Fong och Fastn-aachtels-Finallen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...