
Antitubak Gesetz soll dat passivt Fëmmen verhënneren: Et steet also net méi op den Affichen « Et dierf net méi vun de Clienten gefëmmt ginn » mä et kënnt elo drop stoen
« D’Clienten dierfen net méi fëmmen ».
Geschwënn dat neit Fëmmgesetz: Vill Raacher hoffen datt de Gesondheetsminister sech net ganz chique undeet wann hien d’Antitubak Gesetz an der Chamber duerchkritt. Virun allem gëtt gehofft datt hien kee Smoking undeet.
Mademoiselle duerch Madame ersat : Et ass offiziell, an allen Formulairen kënnt elo a Frankräich exklusiv Madame stoen. Dëst ass zustane komm well virun allem d’Fraen am Chômage et net gutt fonnt hunn dat um Formulair vun der « Administration de l’Emploi » m-ADEM-oiselle stoung.
Vill Pannen zu Cattenom: Fir d’Atomenergie méi populär ze maachen wëll de Betreiwer, Electricité de France, en Tour de France organiséieren vun allen Atomzentralen. EDF mëscht also gären en en TDF. Di Lëtzebuerger Equipe ass och gefrot ginn. Vläicht mëscht Radio-actif Shak Nissan Trek mat.
Coupe d’Afrique des Nations: D’Equipe aus Sambia huet d’Final gewonnen an dat géint d‘Elephanten aus der Côte d’Ivoire. Dat war Pech fir Drogba a Co.; eréischt am Elefmeter Schéissen hu nämlech d’11-anten verluer.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...