Coup de Boule: De bekanntsten ass dee vum Zinédine Zidane op den Marco Materazzi. Et gëtt awer hei am Land de Moment vill vun deem geschwat vum Zi-Dione op den Heinz. Fëmmgesetz: Et zirkuléiert ëmmer méi d’Iddi, datt et a Cafée soll Plaze ginn, wou een sech zeréckzéie kann, fir ze fëmmen. Verschiddener schwätzen och vu Plazen, wou Männer a Frae getrennt ginn. An Amerika heeschen di getrennte Fumoiren «Fëm-men» a «Fëm-women».

Bommeleeër-Affär: Di 2 Accuséiert soten, si hätte ni Bomme geluecht. D’Expertise gëtt hinne Recht, et ass anscheinend eraus komm, datt d’Bommen ni geluecht goufen, mä si goufen dohi gestallt.

Presidentewahl a Frankräich: D’Marine Le Pen kritt vläicht net di 500 noutwenneg Ënnerschrëfte fir bei der Presidentewahl matzemaachen. Besonnesch an England fanne si et ganz komesch, datt wann ee « Le Pen » heescht Problemer huet mam Ënnerschreiwen.

Bravo Rout Léiwen: Di Lëtzebuerger Nationalequipe huet a ronn engem Joer 3 Mol um Stade Josy Barthel gewonnen. Ëmmer méi Leit soen, datt den Terrain Gléck bréngt an net soll ofgerappt ginn an datt deen neie Stadion net muss gebaut ginn. Déi Leit soen si sollen op jidder Fall de Bart-el net raséieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...