Weltfraendag: Den 8. Mäerz hunn d’Feministen sech um Knuedler getraff, fir op d’Ongerechtegkeete vis-à-vis vun de Fraen opmierksam ze maachen. Et ass just e wéineg komesch, datt de Cortège vun der Place Guill-homme fortgoung.

Grouss Problemer bei der Arméi: Verschiddener wëllen d’Ombudsfra mat abezéien, fir d’Situatioun an der Arméi ze regelen. Si wëllen also onbedéngt d’Lydie op den Err-ebierg. 

Putin nees President: Vill Russen, déi gären drénken, hu sech beaflossen gelooss, fir de Wladimir Putin ze wielen. Fir eng Fläsch Vote-ka hu si fir hien gevote.

D’Angela Merkel huet hir Preferenzen: An der Politik ass et de Sarkozy, wat a Frankräich fir e Skandal gesuergt huet, an am Sport soll si fir de Fabian Cancellara sinn. Kee Wonner fir eng Cancellarin ...

Geschwënn di decisiv Phas am Volleyball-Championnat: Di waarm Phas an der Novotel Ligue steet also elo un. Di wichtegst Elementer am Volley si jo d’Receptioun an de Service. Kee Wonner deemno, datt den Haaptsponsor vun der Volleysfederation eng Hotelschaine ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...