
Sarkozy a Schengen: De franséische President wëll d’Grenzen nees méi kontrolléieren well hie fäert datt nach méi Leit aus dem Maghreb a Frankräich wanderen. Hie wëll den Accord vu Schengen a Fro stellen. De Sarkozy mengt nämlech dat de Buergermeeschter vu Schengen, Ben Homan, och aus dem Maghreb ass.
Botzfirmaen : Ëmmer méi schwaarz Leit, déi portugisesch schwätzen, schaffen bei Botzentreprisen. Dat ass bestëmmt de Fall well an den Annoncen steet « CV obligatoire » esou datt muench Dammen mengen si missten aus dem Cap Vert sinn.
Pneuendeponie zu Biissen: Biissen produzéiert keng Pneuen huet awer e penibelen Pneuebierg dem se wëlle lassginn. D’Nopeschgemeng produzéiert Pneuen an huet kee penibelen Pneuebierg heescht awer dofir Colmar-Bierg.
De Final Four an der Coque ass In: No dem vum Volleyball war d’lescht Woch dee vum Handball. Vü datt d’Kachemissiounen ëmmer méi Succès hunn, ass decidéiert ginn dat di 4 bescht Käch aus den Emissiounen, déi jo richteg mam « Schäffchen » zauberen, och e Final « Four » wäerte kréien.
Galamatch fir d’FLF Selektioun an Italien den 29. Mee: Den nächste Géigner vun den Azzurri ass dann den 10. Juni den aktuelle Weltmeeschter Spuenien. D’Italiener preparéieren sech fir d’éischt géint d’Equipe vum Trainer Holtz. Vum Holtz geet et dann géint d’Equipe vum Tainer Del Bosque wat Bësch heescht.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...