
Reform am Secondaire ass op Äis geluecht: No der Reform vun der Primaireschoul, wou et jo u sech keng Punkte méi ginn, an no der riseger Manif vun den Enseignanten fäerten elo di Professionell eng Reform vun der Fahrschoul an datt et do geschwë keng Punkte méi um Führerschäin ginn. Gréiwemaacher - Jeunesse; e Match mat vill Brisanz: Am Virfeld hu sech di sougenannte Supporter provozéiert. Miseler a Minetter Ultras-Schoulmeeschter manifestéieren um Sonndeg bestëmmt mat vill Kaméidi ënner dem Motto "Solidaresch fir d’Bildung" an der Football-Schoul.
Grousse Meeting géint d’Rentereform um Lampertsbierg: Di gréisst Gewerkschaften haten d’lescht Woch géint d'Rentereform mobiliséiert. Ass et well et d’Rentereform ass, datt de Meeting am "alen" Tramsschapp war?
D’Auer muss de Weekend nees geréckelt ginn: D’Experte soen ëmmer méi dacks, datt et näischt déngt, wann een d’Auer eng Stonn no vir réckelt. De beschte Beweis ass, datt een dat selwecht Resultat huet wann een d’Auer 23 Stonnen no hanne réckelt.
Optakt vun der WM-Saison an der Formel 1: Di éischt Course gouf et kloer eng Dominatioun vun den Däitsche Motoren esouwuel beim Training wéi am Grand-Prix. Kee Wonner datt dëse Mount d'McLaren Mäerz-edes dominéieren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...