Benedikt de XVI. op Kuba: Bei senger Visite op Kuba war de Poopst mat de Castro Bridder, nodeem se kubanesche Rumm geschmaacht haten, mat dem Papamobile ënnerwee. Et war awer kee Problem, well de Raul ass gefuer.

D’Gasbuerinsel an der Nordsee: Um Tuerm vun der Gasbuerinsel ass nach ëmmer eng Flam, wat eng grouss Gefor duerstellt. Eise gréngen Europadeputéierten huet sech dem Dossier ugeholl, wat logesch ass fir de Claude « Tuermes ».

Gesondheetskeess op der ganzer Welt: Besonnesch an Amerika gëtt no der ëmstriddener Gesondheetsreform de Moment ganz dacks d’Wuert CNS an de Mond geholl, wat eise Gesondheetsminister houfreg mécht. Allerdéngs steet CNS fir «Conseil National Syrien».

Agespaart: De Mohamed Merah, den 7 Leit op eng onmënschlech Manéier ëmbruecht huet, ass jo dout. Dës Dot ass awer esou schlëmm, datt, obwuel hien dout ass, muencher wëllen, datt seng Läich an de Prisong kënnt.

U17-EM-Quali zu Lëtzebuerg: Den U steet jo fir “Under”. Di europäesch Football Federatioun huet andauernd Turnéier fir U-Equippen, dofir huet d’Federatioun och deen Numm an och fir un den éischte Mënsch z’erënneren. Den Adam war nämlech schonn U-EVA.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...