Schlësselbeen: De Cancellera hat 4 Mol d’Schlësselbeen gebrach a sëtzt trotz Péng un der Schëller geschwënn nees um Vëlo; dat ass staark. Soss haten se bei Radioshack den Armstrong elo hu se de Schëllerstrong.


Den Andy sollt den 23. Abrëll säi giele Maillot kréien:
Dës Feier ass verluecht, wat normal ass, well den 22. Abrëll di éischt Ronn vun der franséischer Presidentewahl ass. Den 23. Abrëll soll definitiv nëmmen ee gefeiert ginn, den den 1. Tour gewonnen huet.


D'Titanic gëtt et elo an enger 3D-Versioun:
Nieft der Längt an der Héicht ass jo d'Déift u sech déi 3. Dimensioun. Et freet een sech, wat esou e Film bréngt. Waren di 3.800 Meter beim Accident vun der Titanic net déif genuch?

Bankefeierdag virun Ouschteren: Vu datt d’Banken den Dag zou hunn an een awer vill Sue muss hunn, fir akafen ze goen fir de laange Weekend, brauch een deen Dag onbedéngt seng Bankkaart. Dofir heescht den Dag och Kaart-Freideg.

 

Et ginn ëmmer méi Amokleefer an der Aktualitéit: Trotzdem gëtt et keng Course fir si. D’Leefer si frustréiert a ginn aggressiv. Et gëtt jo zum Beispill zu Maacher en Ouschterlaf. Wier et net un der Zäit, och en Amoklaf z’organiséieren? D’Leefer kinnten no der Course hiren Dossard unhalen mat der Nummer drop an domatter an de Prisong goen...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...