D’Laangstreckerakéit UNHA-3war e Flop: D’Nordkoreaner hu sech ferm blaméiert mat hirer 3. Variant vu Laangstreckerakéiten. Elo ginn d’Stécker aus dem Mier geholl an nees zesumme gepecht. Si gi fir d’éischt mat Corea Tabs gebotzt an da ginn « di Drëtt » mat der Crème vun der Marque fest gepecht.

Den Ausdrock Demokratie ass en aalt griichescht Wuert: Kuerz virun de Wahlen sinn esou vill Leit wéi scho laang net méi an den griicheschen CIPAen. D’Militante vun de Parteien gi bei di al Leit fir eng Prokuratioun ze kréien, fir ze wielen. Dat nennt een DemokraCI-PA.

Falsch Werbung: Den Tom Boonen, vun Omega Pharma, dee schwéier Been huet an eng kleng Entzündung um Fouss, mécht net mat bei der Amstel Gold Race. Dat ass erstaunlech, well grad di bekanntste Produiten vun Omega Pharma d’Crèmë sinn géint d’schwéier Been a fir d’Fleeg vun de Féiss.

Football-Coupe-Horairen: Am November goufe bal all d’1/16-Finallen um 16 Auer gespillt, d’Aachtelsfinale-Matcher waren all dës Woch um 8 Auer voll am Gaangen an d’Véirelsfinalen si fir den 6. Mee programméiert mat natierlech Upëff um 4. Fir di 2 lescht Tier muss een awer mat den Zäiten nach kucken ...

Bundesliga Top Duell: De BVB huet no der Victoire géint Bayern den Titel bal an der Täsch. Si kënnen elo de Mond bei de Schwaarz/Gielen also zu Dort-mund grouss opmaachen. De Rival Bayern muss sech elo kleng halen an net ze vill de spatzen « Mündchen » maachen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...