
Den Diktator mëscht de Geck: A Syrien gëtt et ëmmer méi Problemer mat Iesswueren wéi Botter, Mëllech, Hief, Miel an Zocker. Deemno kënnen keng Wafelen méi preparéiert ginn. Gesitt der de Bashar El Addad huet dach Recht wann hie seet et wier eng Wafelpaus a sengem Land.
100 Deeg virun Olympia: Et ass net fair vis-à-vis vun den Athleten mat moslimescher Religioun datt d’Olympesch Spiller während dem Ramadan sinn. Di Athleten dierfen net am Dag iessen an huele bestëmmt of zu Londënn.
Indien an Laangstreckerakéit: Zanter iwwer 60 Joer gëtt et tëscht Indien an dem Pakistan e Konflikt wéinst dem Cachemire. Et ass och elo gewosst datt een mam Stoff Cachemire di bescht Resultater kritt wann een dësen laang mat déiwer Temperatur streckt. Dofir huet Indien elo eng Laang-strecken-rakéit getest.
Parallel EM: Fir op d’Aarbechtslosegkeet ze sensibiliséieren gëtt geschwënn eng EM vun de Chômeuren organiséiert. Si wëllen dat Ganzt awer net Europameeschter-schaft nennen.
Panini Album: Bal all Spiller huet Gel an den Hoer. Kee Wonner datt hir Fotoen gutt am Album pechen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...