
Franséisch Wahlen: Vill Wieler vun der Le Pen sinn awer och guer net schlau. Si hu nom éischten Tour, wou si 18% Prozent kruten, gefeiert wéi wann si gewonnen hätten. Si si nämlech geléiert ginn datt een mat 18 d’Majoritéit huet.
International Hëllef : De Franséische Präsident gëtt schonn zanter Méint vun der Däitscher Kanzlerin ënnerstëtzt. De Nicolas Sarkozy kann sech net erlaben en Appel un d’Wieler vum Front National ze maachen fir fir hien ze stëmmen. Vläicht mëscht d’Angela Merkel dat och nach…
Ardennenklassiker: Am Fong hunn d‘Lëtzebuerger di lescht Wochen guer näischt an den Ardennen gewonnen ausser den Ierfgroussherzog Guillaume den eng Verlobten aus Anvaing, wat bei den Flämeschen Ardennen läit, gewonnen huet.
Bal keng Deelzäitaarbëscht méi bei de Camionschaufferen: Besonnesch bei den Chaufferen vun 40 Tonne Camionen, déi dacks an d’Ausland fueren, gin keng Halleftâchen méi agestallt mä just Leit déi eng 40 Tonnentâche hunn.
EM a Boycott: Di lëtzebuergesch EU Kommissärin huet Courage fir d’EM ze boycottéieren well di Ukrainesch Oppositiounscheffin agespaart ass. Lues a lues sollen och d’Equipen un e Boycott denken a si wëllen sech fir d’Team-oschenko asetzen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...