
Politeschen Boycott vun der EM : D’EU Kommissioun wëll d’EM an der Ukraine an a Polen boykottéieren. De President vun der FLF ass komplett dogéint a fënnt dat besonnesch ongerecht fir d’Polen. Kee Wonner wann e Pol heescht.
Feieren um 1. Mee : Den LCGB, den grouss finanziell Schwieregkeeten huet, muss ferm op seng Depensen oppassen. Et luch op der Hand dat seng 1. Mee Feier zu Waasser-bëlleg war.
Octave och fir Déierefrënnënn: Ëmmer méi Déierefrënn wëllen mat hiren Hausdéieren an d’Kathedrale pilgeren goen a virun allem d’Proprietairen vun den Hënn fuerderen esou en Déieren- Pilgerdag. Si géifen sech besonnesch freeën op d’Dogtave.
Consigne de vote bei de Presidentewahlen: D’Marine Le Pen, dem seng Partei jo net esou frou ass mat Leit mat méi donkeler Hautfaarf, huet gesot si géif “wäiss” wielen. Dat ass am Fong kee Wonner.
Legislativwahlen a Griichenland um Sonndeg: Vü datt an dem Land dacks d’Paien mat groussem Retard bezuelt ginn an dat bis zu engem Retard vu 6 Paien goufen d’Wahlen anticipéiert. No den « élections anti 6 paies » erhoffen si sech e méi séiert Ausbezuelen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...