De “Forfait d’éducation” vun de Frae soll gestaffelt ginn: Net jidderee soll dësen d’office kréien; zum Beispill déi Mammen, déi vill verdéngen, sollen en net méi ganz kréien an och déi Fraen, déi vill Protekoller kruten, well si mam Auto gerannt sinn. Wann d’Mamm ze séier fiert, kann d’Mamme-rennt also ewech falen.

Etat de la Nation: Vu datt de Luc Frieden scho villes verroden hat, virun der Ried vum Premier zur Lag vun der Natioun, gouf d’Press op deem Dag net vill gefiddert. Dofir goufen d’Journalisten den Dag drop vum Premier op de Mäertchen invitéiert.

Neie President, neien Stil: De François Hollande bleift a sengem Appartement wunnen a refuséiert, an de Presidentepalais ze plënneren. Esou wéi sech Holland mat Polder virun der See schützt, schützt sech den Hollande virun der Ely-See.

Déi nei Première Dame: Si huet a Frankräich vill Succès, well si esou schéin ugedoen ass. Di richteg Fans vum François Hollande a vu senger Partnerin pilgeren heifir an Däitschland bei den Hellege Rack vun Trier-weiler.

Giro an Dänemark: Den Giro d’Italia hat jo säin Depart am Norden vun Europa. Kee Wonner, datt do een mat engem Nordeuropäeschen Numm huet misste gewannen an zwar den Taylor Finn-ey.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...