
Schlecht koordinéiert: Um Donneschdeg gouf op Christi Himmelfahrt beim Pilgeren zu Wolz enorm vill gegrillt. E Freideg, also een Dag nom Grillen, koum awer eréischt d’ “Fleesch” du Sud zu Wolz un.
Lännermatch: Eigentlech wollt d’FLF en Heem-Match géint Italien hunn, well dat wiere richteg Suen an d’Keess ginn, mä si spillen leider an Italien. Et ass zwar keen Heem-Match, mä vu datt et zu Parma ass, ass et wéinstens en Ham-Match.
AUDIO: D'Flunkernews lauschteren.
Nei Regierung am Frankräich: Obwuel den Dominique Strauss-Kahn bestëmmt kompetent ass, wollt keen, datt hier den neien Premier gëtt ; dat wier einfach ze vill Ayrault-tique gewiescht.
Paritéit zu Paräis: D’Feministen a Frankräich sinn net zefridden. Emol eng Kéier, wou an der Regierung grad esou vill Fraen wéi Männer e Ministerposten hunn, verdéngen d’Ministerinnen elo 30% manner wéi d’Männer aus der leschter Regierung.
Accidenter an Alkohol: Elo sicht en Automobilist, den op der Route du Vin an e Wäibierg gerannt ass, de Proprietaire vum Wäibierg un. Anscheinend stoungen di Beem geféierlech a si haten ze vill Alkohol am Saaft.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...