Renovatioun vum Josy Barthel: No de Lännermatcher an Italien an doheem géint Malta gëtt de Josy Barthel renovéiert an do gëtt vill Beton a Speis gebraucht. Wat en Zoufall, datt dat direkt nom Lännermatch géint Malta ass, well Malta op Italienesch “Speis” heescht.

Chelsea an Champions League: Besonnesch an engem Quartier vun der Stad hu sech d’Leit gefreet, wéi de Kapitän Frank Lampard vun Chelsea d’Coupe krut. Et ass dee Quartier, wou d’Europaschoul ass a soss vill Britte wunnen. Mer schwätzen natierlech vum Lampards-bierg. Hätt de Kapitän Philip Lahm vu Bayern d’Coupe kritt, hätten sech der bestëmmt awer um Lahm-pertsbierg gefreet.

Abandon vum Fränk Schleck am Giro: Den Directeur Sportif vun RNT fënnt, datt d’Verletzung vum Fränk Schleck net schlëmm genuch war, fir opzeginn. Fir hien ass di Verletzung keng Ent-schëller-gung.

Festival vu Cannes an op e puer Kilometer d’Formule 1 zu Monaco: Um Sonndeg wëllen d’Organisateure vun der Formule 1 dem Festival vu Cannes Konkurrenz maachen an deem senger “Montée” des Marches. Dofir nenne si d’Course zu Monaco Grand-Prix de “Montée” Carlo.

Eurovisioun: Um Samschdeg ass d’Finale vun dësem europäesche Gesangsconcours. D’Fransousen hunn eng Expressioun, di seet, datt Verschiddener sange wéi e Fouss. Dat stëmmt wierklech bei dëser Editioun vum europäeschen “Schong Contest”.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...